02

WAT ASS E PERSONAL TRAINING?

Bei der professioneller a personaliséierter Betreiung duerch en Personal Coach garantéiere mir en individuelle Suivi duerch en Programm, deen un dech an deng Bedierfnesser ugepasst ass.

Fir laangfristeg Resultater ze garantéieren, sti mir dir als Guide, fir de reegelméissege Suivi an als Motivatiounshëllef zur Säit.

WÉI KANN EISE PERSONAL-TRAINER DIR HËLLEFEN?

01

Profitéier vun engem Training, deen sech denge Bedierfnesser upasst.

02

Léier déi richteg Ausféierung vun Übungen ouni Verletzungsgefor kennen.

03

Eng individuell Betreiung duerch däin Trainer garantéiert méi Sécherheet bei der Ausféierung a bréngt dir méi séier laangfristeg Resultater.

04

Optimiséierung vun denger Performance duerch eis Ënnerstëtzung.