Gëff Deel vun eisem wuessende Smartform Team.

Smartform ass eng stark wuessend Firma an der Gesondheet & Fitnessindustrie zu Lëtzebuerg. Duerch eis aktiv a perséinlech Ënnerstëtzung am Zesummenhang mat eisem individuellen Trainingskonzept erreechen mir dauerhafte Succès, deen d’Liewe vun eise Smartform Memberen ännert.

Als Personal Coach:

  • Këmmers du dech laangfristeg ëm deng eege Memberen a bass dofir permanent Referenzpersoun a Problemléiser fir eis Sie.
  • Mëss du de Memberen de Start duerch eng individuelle ungepassten, perseinleg  Berodung einfach a begleets si op hirem Wee 
  • Këmmers du dech  um hieren Betreiung andems du flexibel an individuell Trainingspläng am Kader vun eisem Smartform-Konzept erstells.
  • Suiveiers du durch regelmässeg Austauschgepsreicher den Erfolleg vun eisen Memberen.

Kuerz a knapp: du konzentréiers deng Zäit op de Coaching an op d’Betreiung vun eise Memberen.

Wat siche mir?

  • Du vertretts eis Smartform Werter: Respekt, Toleranz an Solidariteit
  • Du brenns fir Fitness, Ernierung a Gesondheet.
  • Du besetz zweschenmenschlefg Qualiteiten wei d’Empathie, Frëndlechkeet an Helefsberet
  • Du bas motiveiert eng Referenzpersoun am Werdegang vun eisen Membren zegin
  • D’Betreiung vun eisen Membren as den Mettelpunkt vun denger professionneller Aktivteit 
  • Du schwätz fléissend Lëtzebuergesch a Franséisch an hues Sproochekenntnisser am Engleschen.
  • Du hues eng Ausbildung am Sport- oder Fitnessberäich an hues éischt praktesch Berufserfahrung gesammelt.

Wat bidde mir?

  • En harmonesch an familiärt Arbeschtklima.
  • Eng professionelle Wertschätzung am Cader vun eisem Coaching Concept
  • Professionel weiderbildungs Meiglegkeet 
  • Schaffen mat eegener Responsabilitéit
  • Moderne Fitness mat qualitativ héichwäertegem Material 
  • Festustellung an attraktiv Entwécklungsméiglechkeeten an enger wuessender Firma

Dann schéck eis deng Kandidatur.