03

FITNESS

SMARTFORM – Fitness limitéiert d’Zuel vu senge Memberen, fir dass déi individuell a personaliséiert Ënnerstëtzung vun all Member ka garantéiert a stänneg ugepasst ginn.

Eist Zil ass et dir dobäi ze hëllefen, deng Ziler z’erreechen, egal ob et ass fir Gewiicht ze verléieren, Muskelen opzebauen oder déi eegen Liewensqualitéit ze verbesseren. 

Eis ass et wichteg, zu denger allgemenger Gesondheet a gesondheetlecher Präventioun bäizedroen.

Mir bidden dir de passende Kader fir däin Wuelbefannen ze verbesseren an deng Gesondheet z’erhalen – Andeems du an engem agreabelen Ëmfeld mat enger eenzegaarteger Atmosphär trainéiere kanns.

Eise Studio ass an alle Beräicher mat héichqualitativen an effiziente Maschinnen equipéiert, sief et fir Cardio oder Kraaftsport. Eng Rei un fräie Gewiichter stinn dir och zu Verfügung.

Fitness-1

EIS STÄERKTEN

BERODUNG

Fir all Froen oder Berodung ass eist qualifizéiert Coaching Personal fir dech do.

Eise Motto: Mir hëllefen dir däin vollt Potential z'errechen!

PERSONAL-TRAINER

Eist qualifizéiert Coaching-Personal huet vill Beruffserfarung, unerkannt Formatiounen an den néidege Know-how. Si garantéieren d’Qualitéit vun dengem Training an d’Richtegkeet vun de Beweegungen.

CARDIO

Eise Cardio-Beräich bitt dir en Beräich mat Lafbänner, Vëlo’en, Steppers a Crosstraineren un.

BARBELL

Eis Zone mat fräie Gewiichter erméiglecht en effikasse Workout deen dir hëlleft deng Stabilitéit an däin Gläichgewiicht ze steigeren a méi Muskelgruppen z’aktivéieren.

WÄERTER

Respekt, Toleranz a Solidaritéit sinn d’Wäerter, déi eis dozou geleet hunn eisen eegene Fitness zu Schëffleng opzemaachen.

FITNESSSTUDIO

E gratis Parking, Toiletten an Dusche vervollstännegen eise Fitness. Du muss just nach däin Duch matbréngen.

ABONNEMENT
FITNESS

ONLIMITÉIERTEN ZOUGANG

QUALIFIZÉIERT COACHEN

DISPONIBEL

TRAININGSPLÄNG

GRATIS WAASSER AN KAFFI

REGELMÉISSEG SUIVI

DU WËLLS DECH RËM A FORM SPIEREN?

Profitéier vun eisem Personal-Training, mat deem mir zesummen doru schaffen, dech rëm a Form ze bréngen.